Aktuell si Phishing-E-Mails am Ëmlaf, déi virgi vum "Service des Amendes" ze kommen.
Wourun erkennt een, dass dës Mails Phishing-E-Mails sinn, a keng reell E-Mails vum Enregistrement?
- D'Email Adress vu sämtlechen Acteure vum Enregistrement si follgend opgebaut: ____@en.etat.lu , während dës E-Mail verschéckt gouf vu Luxembourg Amendes <23071019@vnu.edu.vn>
- De richtege Numm vun dësem betraffene Service ass Bureau des amendes et recouvrement, a net Service des Amendes.
Wéi soll een ob esou Phishing-E-Mails reagéieren?
- D’Datei net opmaachen
- Keng Links an der Mail uklicken
- D’E-Mail direkt läschen