RTL - journal télévisé timbres fiscaux


Online-Iwwerweisung ersetzt de Wee bei den Enregistrement

De leschte Mount huet d'Chamber en neit Gesetz gestëmmt iwwert den Droit du Timbre. Zënter dem 1. Abrëll mécht dat verschidde Formalitéite méi einfach.

Vun elo u muss een dës Timberen net méi bei den Enregistrement kafe goen, mä et kann ee vun doheem aus eng Online-Iwwerweisung maachen. Dat soll och ee konkrete Schrëtt a Richtung Simplification Administrative sinn.

Wien als Privatpersoun ee Steiertimber fir en offiziellen Acte brauch, ka sech de Wee bei den Enregistrement vun elo u spueren. Bis ewell huet e reellen Timber missen op den Dokumenter drop sinn, an Zukunft geet ee Virement duer.

Där spezieller Steiertimbere ginn et am Wäert vun 10 Cent bis 50 Euro an et brauch ee se fir eng ganz Rëtsch offiziell Dokumenter.

Fir Professioneller, di all Dag där Timbere brauchen, wäert et weiderhi méi praktesch si se en Block ze kafen, wéi eenzel Virementen ze maachen. Privatpersounen dogéint wäerte vun deem neie System profitéieren. D'Iwwerweisung gëllt dann als Beweis, datt d'Taxe bezuelt ass.

Zwou Ausnahme ginn et, fir de Jeeër- an de Fëscherpermis muss een den Ament nach perséinlech den Timber siche kommen. An noer Zukunft soll um Internetsite vum Enregistrement och eng komplett Lëscht vun den Taxen ze fanne sinn, esou datt een och weess, wéi vill ee fir wéi een Dokument iwwerweise muss.

Source: RTL

Dernière mise à jour